top of page

Moien,
Ech sinn
d'Lynn Hendriks

Ech sinn zertifiéiert Schlofberoderin fir Neigebueren, Puppelcher & Klengkanner zu Lëtzebuerg, an d’Grënnerin vun The Sleep Avenue. Ech sinn d'Mamm vun zwee léiwe Meedercher; Héloïse a Camille. A grad wéi Dir, war ech op engem Punkt a mengem neien Elterenliewen, wou ech mir geduecht hunn: "Wäert ech jeemools erëm schlofen?". Wochelaang ass meng Duechter d’Héloïse all Nuecht wärend e puer Stonnen waakreg gin. ALL. EENZEL. NUECHT. Ech hu deemools meng zweet Duechter d’Camille erwaart, an ech konnt déi Middegkeet vun deenen schloflosen Nuechten einfach net méi aushalen. Dat war den Moment wou ech déi Beschten Entscheedung vu mengen ganzen Elterenliewen geholl hunn: Ech hunn e professionelle Schlofberoder kontaktéiert.

Bannent e puer Nuechten huet d'Héloïse erëm geschlof; wat geheescht huet dass ech och erëm geschlof hunn! Ech hu mech sou empowered gefillt. Ech war sou beandrockt datt ech all meng Mammefrënn uruffe wollt, an all den Elteren op der Spillplaz erzielen wollt, datt de Mangel u Schlof kengem säin Schicksal ass! Ech hat rëm Energie fir déi Saachen ze maachen, déi ech gär maachen, wéi Yoga, Spadséieren goen, a souguer liesen. Ech konnt erëm relax Owender mat mengem Mann genéissen ouni déi Angscht ze hunn, ob ech dës Nuecht schlofen wäert oder net.

Fir mech war et dunn selbstverständlech Sleep Training mat menger zweeter Duechter ze maachen. Vum éischten Dag un hat ech d’Méiglechkeet him gutt Schlofgewunnechten mat op den Wee ze gin, wat déi Neigebuerendeeg sou vill méi einfach gemaach huet.

Dat ass den Grond firwat ech hei sinn a firwat ech Schlofberodungen ubidden; ech wëll Elteren d’Tools mat op den Wee gin fir dass Sie hiren Kanner bäibréngen onofhängeg anzeschlofen. Ech si Lëtzebuergerin a schwätzen fléissend Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch an Däitsch; a kann Consultatiounen an all 4 Sproochen halen

Ech si fir Iech do. Loosst eis zesumme schaffen!

Baby Sleep Sleep Consulting Luxembourg The Sleep Avenue Lynn Hendriks
bottom of page